Projet CORTINA

Démonstrateur, dee « Sockette » benotzt


Dir kënnt op d'Haaptsäit zrécksurfen.

Fir dësen Démonstrateur ze benotzen braucht Dir e rezente Browser an Dir musst Java aktivéieren.

  • Software Design: Pierre Mousel
  • Programmatioun: Yannick Durand
  • Linguistesch Aspekter: Jérôme Lulling

Online Spellchecker fir d´Lëtzebuergescht

Instruktioune fir d´Benotzung

D´Connectioun mam Verbesserungsserveur

Fir datt Dir den online Spellchecker kënnt benotzen, muss den Démonstrateur et fäerdeg bruecht hunn, sech mam Verbesserungsserveur ze connectéieren. Gesitt Dir déi gréng Noriicht:

Ech si mam Verbesserungsserveur connectéiert.

ass alles an der Rei, Dir kënnt de Spellchecker benotzen. Gesitt Dir amplaz déi orange Noriicht:

Onméiglech mech mam Verbesserungsserveur ze connectéieren.

hutt Dir e Problem. Dir kënnt de Verbesserungsserveur net benotzen. Dofir kann et verschidde Grënn ginn:

  1. Dir sëtzt hannert engem Firewall. Mat grousser Wahrscheinlechkeet hënnert Äre Firewall den Démonstrateur drun, sech iwwer Socketten mam Verbesserungsserveur ze connectéieren. Wann dat de Fall ass, probéiert eis HTTP-Versioun vum Démonstrateur .
  2. Eise Verbesserungsserveur leeft net. Dat ka geschéie well mer nach permanent druschaffen (vergiesst wann ech gelift net, datt de Projet nach laang net ofgeschloss ass). Et handelt sech hei nëmmen ëm eng éischt Demoversioun. Probéiert méi spéit nach eng Kéier.

D´Verbesserung vun engem Wuert

Tippt dat Wuert, wat Dir verbessere wëllt loossen an dat iewescht Textfeld an dréckt op d´Clavierstast "Return" oder mat der Maus op de Kn�ppchen "Verbesseren". Gesitt Dir dann déi gréng Noriicht:

D´Wuert ass richteg.

sou hutt Dir d´Wuert richteg geschriwwen. Gesitt Dir awer déi orange Noriicht:

D´Wuert ass onebekannt, kuckt Iech folgend Alternativen un:

sou hutt Dir d´Wuert falsch geschriwwen. An dësem Fall proposéiert den Démonstrateur Iech eng Rei vun Alternativen an deem ënneschten Textfeld. Vergiesst och wann ech gelift net, datt de Corpus vun dëser Demoversioun op ±40.000 Wierder limitéiert ass. E komplette Spellchecker schafft mat wéinstens 200.000 Wierder. Et gëtt drugeschafft. Gitt eis eng Chance.


Lescht Verbesserung: Februar 2001
Auteur : Pierre Mousel