Projet CORTINA

Démonstrateur deen en Text verbessert


Dir kënnt op d´Haaptsäit zrécksurfen

  • Software Design: Pierre Mousel
  • Programmatioun: Yannick Durand
  • Linguistesch Aspekter: Jérôme Lulling

Online Spellchecker fir d´Lëtzebuergescht

Instruktioune fir d´Benotzung

Saisie vum Text, deen ze verbesseren ass

Tippt oder kopéiert/pecht den Text, deen ze verbesseren ass an d´Feld lénks dat dofir virgesinn ass. Dréckt dann op de Knäppchen "Den Text verbesseren".

Resultat vun der Verbesserung

Nodeems Dir op de Knäppchen "Den Text verbesseren" gedréckt hutt, affichéiert Äre Browser Iech eng nei Säit, entweder mat dem Resultat vun der Verbesserung, oder mat enger Feelermeldung.

Am éischte Fall ass alles an der Rei an Dir kritt Ären Text verbessert erëm. Déi Wierder, déi net an eisem Dictionnaire sinn, gi rout affichéiert, déi di dra sinn, schwaarz. Hannert Ärem verbesserten Text fannt Dir d´Lëscht vun de Wierder, déi net am Dictionnaire fonnt goufen a fir all Wuert aus där Lëscht, eng Rei vun Alternativen. Wann d´Lëscht vun de Wierder méi grouss wéi d´Fënster vum Browser ass, kënnt Dir op en net erkanntent Wuert an Ärem verbesserten Text klicken. De Browser positionéiert dann d´Fënster op der Lëscht vun den Alternative fir dat Wuert. Da kënnt Dir op iergendee Knäppchen an enger Rei drécke fir eng Alternativ zu deem net erkanntene Wuert am Ufank vun där Rei auszewielen. Méi präzis kënnt Dir:

  • D´Suggestioune vum Spellchecker ignoréieren. Wann Dir décidéiert d´Suggestioune vum Spellchecker ze ignoréieren, gëtt d´Wuert gréng an als richteg geschriwwen ugekuckt (nëmmen dëst spezifescht Wuert op dëser spezifescher Websäit). Dir kënnt dës Optioun wiele wann Dir sécher sidd, datt d´Wuert richteg geschriwwen ass, mä de Spellchecker et net an sengem Dictionnaire fonnt huet.
  • Eng Suggestioun vum Spellchecker auswielen. Wann Dir eng Suggestioun vum Spellchecker auswielt, gëtt dat rout Wuert vun der ausgewieltener Alternativ ersat. Dat neit Wuert gëtt gréng affichéiert a gëtt, natierlech, als richteg geschriwwen ugekuckt.

Am leschte Fall leeft eise Spellcheckerserveur wahrscheinlech net. Vergiesst net, datt CORTINA e Projet ass deen nach net ofgeschloss ass an datt mer de Spellchecker lafend verbesseren (mer hoffen emol). Probéiert den Démonstrateur méi spéit nach eng Kéier.

Schlussendlech, denkt och drun, datt eisen Dictionnaire nach limitéiert ass op ±120.000 Wuertformen).


Lescht Verbesserung: Mäerz 2003
Auteur : Pierre Mousel