Projet CORTINA

Démonstrateur deen en Text verbessert


Dir kënnt op d´Haaptsäit zrécksurfen

  • Software Design: Pierre Mousel
  • Programmatioun: Yannick Durand
  • Linguistesch Aspekter: Jérôme Lulling

Online Spellchecker fir d´Lëtzebuergescht

Instruktioune fir d´Benotzung

Viraussetzung

Wann Dir dës Versioun vun eisem Spellchecker wëllt benotzen musst Dir JavaScript an den Optioune vun Ärem Browser aktivéieren. Ausserdem, funktionéiert dës Versioun nëmme mam Internet Explorer 5.x (Windows oder Mac).

Saisie vum Text, deen ze verbesseren ass

Tippt oder kopéiert/pecht den Text, deen ze verbesseren ass an d´Feld lénks dat dofir virgesinn ass. Dréckt dann op de Knäppchen "Den Text verbesseren".

Resultat vun der Verbesserung

Nodeems Dir op de Knäppchen "Den Text verbesseren" gedréckt hutt, affichéiert Äre Browser Iech eng nei Säit, entweder mat dem Resultat vun der Verbesserung, oder mat enger Feelermeldung.

Am éischte Fall ass alles an der Rei an Dir kritt Ären Text verbessert erëm. Déi Wierder, déi net an eisem Dictionnaire sinn, gi rout affichéiert, déi di dra sinn, schwaarz. Wann Dir de Curseur op e rout Wuert placéiert, affichéiert de Browser Iech eng Lëscht vun Alternativen. Dir kënnt dann op iergendee vun den Artikelen aus dem Menü drécken. Méi präzis kënnt Dir:

  • D´Suggestioune vum Spellchecker ignoréieren. Wann Dir décidéiert d´Suggestioune vum Spellchecker ze ignoréieren, gëtt d´Wuert gréng an als richteg geschriwwen ugekuckt (nëmmen dëst spezifescht Wuert op dëser spezifescher Websäit). Dir kënnt dës Optioun wiele wann Dir sécher sidd datt d´Wuert richteg geschriwwen ass mä de Spellchecker et net an sengem Dictionnaire fonnt huet.
  • D´Suggestioune vum Spellchecker annuléieren. Dës Aktioun deet einfach de Menü verschwannen an huet keen Effekt op den Zoustand vum Wuert.
  • Eng Suggestioun vum Spellchecker auswielen. Wann Dir eng Suggestioun vum Spellchecker auswielt, gëtt dat rout Wuert vun der ausgewieltener Alternativ ersat. Dat neit Wuert gëtt gréng affichéiert a gëtt, natierlech, als richteg geschriwwen ugekuckt.

Am leschte Fall leeft eise Spellcheckerserveur wahrscheinlech net. Vergiesst net, datt CORTINA e Projet ass deen nach net ofgeschloss ass an datt mer de Spellchecker lafend verbesseren (mer hoffen emol). Probéiert den Démonstrateur méi spéit nach eng Kéier.

Benotzerrotschléi

Soubal wéi d´Resultatsäit disponibel ass, huet eise Spellcheckerserveur seng Aarbecht gemaach. All d´Traitementer, déi d´Auswielen oder d´Annulatioun vun de Suggestioune vum Spellchecker betreffen, ginn vum Browser gemaach, dee JavaScript-Routinen, déi vun eisem Spellcheckerserveur generéiert gi sinn, ausféiert. Aus dësem Grond kann et virkommen, wa vill Wierder an Ärem Text vun eisem Spellchecker net konnten erëmerkannt ginn, datt Äre Browser vun dem generéierte JavaScript-Code iwwerluede gëtt (dat hänkt natierlech staark vun Ärer Hard- a Softwarekonfiguratioun of). An dësem Fall gitt einfach op de Soumissiounsformulaire zréck, reduzéiert d´Quantitéit Text déi der wëllt ënnersiche loossen a probéiert nach eemol ze verbesseren.

A wann ech gelift net vergiessen, datt CORTINA e Projet ass, un deem nach geschafft gëtt. Dofir ass eisen Dictionnaire och nach limitéiert à ±100.000 Wierder).


Lescht Verbesserung: Mee 2002
Auteur : Pierre Mousel